MBM Group Real Estate ass frou Iech dëst schéint semi-Eefamilljenhaus zu Bouneweg am Verkaf ze presentéieren.
D’Haus bitt eng generéis Gesamtfläch vun 192 m². D’Wunnfläch, verdeelt iwwer dräi Niveauen, representéiert 137 m².
Et ass wéi follegt zesummegesat:
Keller (47 m²):
– Keller Beräich
– Stauraum
– Techneschen Sall
– Wäschzëmmer mat 2 Fënsteren
Rez-de-Chaussée:
– Aganksberäich (5 m²)
– Wunn-/Iesszëmmer (20 m²)
– Separat a funktionell Kichen (13 m²) mat helle Schief ausgestatt.
– Separat Toilette
– Kleng Terrass (wou Dir e Grill, e klengen Dësch a Still fir ze relaxen kënnt opstellen)
Um 1. Stack:
– 2 Schlofkummeren (15 a 14 m²)
– Duschraum (9 m²)
Um 2. Stack:
– Schlofkummer (11 m²)
– Buedzëmmer mat Fënster (10 m²)
– Privat Wunnzëmmer deen an e Büro, Spillraum, Museksraum, Turnraum kann emgestallt gin.
Zousätzlech Informatiounen:
– Fiberoptik
– Duebele Verglasung
– Gasheizung
– Massivholzbuedem am ganzen Haus (ausser Buedzëmmer)
– Dach a Fassad a guddem Zoustand
Wann Dir d’Haus kucke kommt, sidd Dir direkt begeeschtert vun dësem Haus, wat super bannen Designméiglechkeeten ubitt. D’Zëmmergréissten erlaben och sëch bequem anzeriichten.
Dëse Quartier, e Steen ewech vun der Gare an dem Tram, ass haut ganz populär bei jonke Koppelen a Familljen, souwuel duerch seng Dynamik wéi och duerch seng Rou.
D’Géigend huet vill Geschäfter a bitt lokal Servicer, souwéi Caféen a Restauranten. Duerch d’Offeren déi dëse Secteur vun der Stad ubitt, entdeckt Dir e liewegen a frëndlechen Quartier.
Weider Informatiounen a Pläng iwwer dës Immobilie kennt Dir wärend engem Rendez-vous presentéiert kréien.
E puer virtuell Fotoe goufen erstallt fir Iech d’Haus nach besser kennen ze presentéiren.
Fir Äre Kaf / Verkaf / Lokatiounsprojet, vertraut erfuerene Fachleit.
Profitéiert vu qualitativ héichwäerteg Servicer an eiser Erfarung an den Immobilien.
Eis Schätzungen si schrëftlech, detailléiert a realistesch.
All Offer gëtt dem Verkeefer virgeluecht.
Mentions légales | Politique de confidentialité | Barème des honoraires
©2024 MBM Group Real Estate
+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu
Please enter your username or email address. You will receive a link to create a new password via email.