D’Agence MBM Group Real Estate huet d’Freed, Iech, dëst grousst Haus mat groussem Potenzial an enger roueger, grénger Géigend vun Déifferdeng ze presentéieren.
Dëst Haus, waat am Joer 1955 gebaut gouf, bitt 144 m² Wunnfläch un an 227 m2 Gesamtfläch a sinn verdeelt op véier Stäck: Keller, Rez-de-Chaussée, éischte Stack an zweete Stack.
Renovatiounsaarbechte sinn erfuerderlech, an eng Präisoffer dovir lait schon prett.
De Keller enthält eng 23 m² grouss Garage, ideal fir e groussen Auto, eng Wäschkichen, een Ofstellraum, Heizungsraum an Zougang zum südleche Gaart.
Um Rez-de-Chaussée fannt Dir eng separat Kichen, en Iesszëmmer a Wunnzëmmer, eng separat Toilette an e Balkon mat enger Trap, déi direkt an de Gaart féiert.
Um éischte Stack ginn et dräi grouss Schlofzëmmeren vun 13 m², 14 m² respektiv 18 m², souwéi e Buedzëmmer mat Dusch an Toilette.
Um zweete Stack gëtt et e grousst Schlofzëmmer vun 13 m² an zwee Daachgeschossraim, déi ëmgebaut kënne ginn, wat zousätzlech Méiglechkeete bitt.
Baussen fannt Dir e Gaart, dee mat Gréngs dekoréiert ass, eng richteg Oas vu Rou.
Virdeeler vum Haus:
– Grousst Potenzial
– Gaart Süden orienteiert
– Grouss Garage
– Fundament vu Betonsplacken
– Nei installéiert Chaudière (2019)
– Duebelverglasung
Déifferdeng, am Häerz vum Südweste vu Lëtzebuerg, ass eng dynamesch Stad, déi Modernitéit mat historeschem Charme verbënnt. Mat den Gréngflächen, kulturellen a sportlechen Ariichtungen, an exzellentem Zougank mam Zuch an Auto, bitt et en ideaalt Liewensëmfeld fir Familljen, Professioneller a Studenten. D’Diversitéit vun de Quartieren an déi frëndlech Atmosphär maachen et zu enger besonnesch agreabler Plaz fir ze liewen. Déifferdeng, ass fir seng Transportméiglechkeeten (Bus, Zuch, Vëlo asw.) , Parken a Shoppingberäicher bekannt , a just 30 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg ewech a no bei anere Stied wéi Esch-sur-Alzette.
Mir bidden zousätzlech Fotoen, Grondrësser an all d’Informatiounen, déi Dir iwwer dës Immobilie braucht, wärend engem Rendez-vous un.
Fir Är Kaf-, Verkafs- oder Locatiounsprojeten, vertraut eisen erfuerene Fachleit.
Profitéiert vu Qualitéit, personaliséierte Servicer an eiser Immobilienexpertise.
Eis Devisen si schrëftlech, detailléiert a realistesch.
Please enter your username or email address. You will receive a link to create a new password via email.