D’Agence MBM Group Real Estate ass frou Iech dëst charmant Appartement am Verkaf unzebidden.
Mat 105m2 Wunnfläch läit et an enger klenger, gutt ënnerhalener Zwee-Familljenresidenz am Zentrum vu Kapellen (Gemeng Mamer), just 20 Minutte mam Auto vum Stadkär.
Wann Dir no engem hellem Apartement sicht mat agreabele Wunnraim, ass dëst Appartement fir Iech!
Um 1. Stack läit et wéi follegt:
– Eng grouss Entrée (7,76 m2);
– Zwou grouss Schlofkummeren (16,59 m2 an 22,55 m2), vun deenen eng 3 Fënsteren huet;
– E grousst Wunn-/Iesszëmmer (31,56 m2) mat südlech geleen Balkon vu wou Dir eng Panoramavue op de schéine gemeinsame Gaart vun der Residenz geneissen kënnt;
– Eng onofhängeg Kichen (15,88m2) voll ausgestatt.
– E Stockraum (2 m2) mat Regaler;
– Eng Duschzëmmer mat Toilette (6,88m2);
– Separat Toilette (1,84 m2)
Um Rez-de-Chaussée vun der Residenz hutt Dir e Keller/Wäschraum vun 10,94m², eng zouen Garagebox vun 30,35m2 mat enger motoriséierter Dier an 2 Bausse Parkplazen.
Zousätzlech Informatiounen:
Ëmfelt:
– CFL Gare (3 Minutte mam Auto)
– Busarrêt 300m ewech (4 Minutten zu Fouss)
– Apdikt (3 Minutten zu Fouss)
– Jos&Jean-Marie Bäckerei-Pâtisserie (3 Minutten zu Fouss)
– Tennis Club an Spillplaz (5 Minutten zu Fouss);
– Autobunnen an der Géigend (A6) (3 Minutte mam Auto);
– Ideal geleen wéinst der Proximitéit zu der Europäescher Schoul Mamer & Lycée Josy Barthel (9 Min. Auto), Crèche, Primärschoul, Post (9 Min.), Geschäfter (E.Leclerc (9 Min.), Cactus, Delhaize, Capellen Business Park), Coiffeur, Restauranten an aner Geschäfter. An Äerer Fräizäit kënnt Dir Spazéieren an de Bëscher an dei liicht zougängleche Vëlosweeër genéissen.
Mir stellen Iech weider Fotoen, Pläng, Video an all weider Informatiounen iwwer dëst Haus wärend engem Rendez-vous zur Verfügung.
Verloosst Iech op d’Kompetenz vun erfuerenen Immobilienagente fir Äre Kaf-/Verkaf-/Lokatiounsprojet.
Maacht Gebrauch vu Qualitéitsdéngschter an eiser Erfarung an der Immobiliebranche.
Eis Schätzungen si schrëftlech, detailléiert a realistescht.
All Offer gëtt dem Verkeefer virgeluecht.
Mentions légales | Politique de confidentialité | Barème des honoraires
©2024 MBM Group Real Estate
+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu
Please enter your username or email address. You will receive a link to create a new password via email.