D’Agence MBM Group Real Estate ass frou Iech en 3 Schlofkummer Duplex zu Mamer am Verkaf unzebidden. Am Häerze vun de schéine Quartiere vu Mamer besetzt dësen Duplex 2 Stäck an ass an enger klenger Koproprietéit (2 Eenheeten). Aus dem Joer 1998 a suergfälteg iwwer Zäit ënnerhal, mat enger Wunnfläch vun 153m².
Um Rez-de-Chaussée befënnt sech d’Entrée, 1 separat Toilette, een Ofstellraum, 1 Schloofkummer mat Buedzëmmer an Dusch, 1 Duschzëmmer, 2 Schlofkummere mat Balconen op all Säit.
Um 1. Stack befënnt sech d’Wunnzëmmer mat direktem Zougang op déi ganz grouss Terrass (+30m2) sou wei och d’Kichen an eng Mezzanine . Komplettéiert gëtt dës Immobilie mat 1 Garage fir 2 Autoen , 1 bausse Stellplaz , 2 Keller an e private Gaart
Mamer: dynameschen a gesichte Quartier mat schnellem Accès an d’Stad an d’Autobunnen déi an déi 4 Ecker vum Land féieren. Direkt accessibel sin : Schoulen, Crèche, ëffentlechen Transport, Autobunnen, Restauranten, Geschäfter, etc. 5 min vum Busarrêt. Ee grousse Park (Brill) mat Spillplaz a ville Méiglechkeete vir an der Emgeigend spadséieren ze goen.
Weider Fotoe, Pläng an all Informatiounen iwwer dëst Appartement ginn Iech wärend engem Rendez-vous zur Verfügung gestallt.
Fir Är Kaf-/Verkafs-/Lokatiounsprojet’e vertraut op erfuere Profi’en. Profitéiert vu Qualitéits-Déngschter op Mooss a vun eiser Immobilienerfahrung.
Eis Schätzungen si schrëftlech, detailléiert a realistesch.
All ugebuedenen Offere ginn de Besëtzer virgeluecht.
Mentions légales | Politique de confidentialité | Barème des honoraires
©2024 MBM Group Real Estate
+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu
Please enter your username or email address. You will receive a link to create a new password via email.