MBM Group Real Estate freet Iech dëst schéint Appartement/Duplex dat 2005 gebaut gouf zu Zolwer an der Gemeng Suessem zum Verkaf unzebidden.
Dësen Duplex läit um 1ten an 2ten Stack mat enger Wunnfläch vun 115m2.
En ass wéi follegt zesummegesat:
Um 1. Stack ass eng Entrée mat engem agebaute Schaf, Iess- a Wunnzëmmer. Eng equipéiert a separat Kiche mat engem groussen Debarras.Eng separat Toilet befënnt sech och op dësem Stack.
Um 2ten Stack fannt Dir 3 Schlofkummeren an eng Buedzëmmer. Et gëtt och en Dachgeschoss, wou Dir ee Büro installéieren kënnt fir komplett roueg kennen ze schaffen oder e Fitnessstudio / Spillraum. Dir fannt och e grousse Keller, 2 banne Parkplazen , Vëloskeller an e gemeinsame Gaart deen dës wonnerschéin Immobilie komplettéieren. D’Residenz ass ganz gutt ënnerhal, no vun allem (Autobunn, Restauranten, Schoulen, etc.).
Zousätzlech Fotoen, Pläng an all weider Informatiounen iwwer dës Immobilie kritt ee wärend engem Rendezvous. Fir Äre Kaf / Verkaf / Locatiounsprojet, vertraut Fachleit.
Profitéiert vu qualitativ héichwäerteg Moossservicer an eiser Erfarung an den Immobilien. Eis Schätzungen si schrëftlech, detailléiert a realistesch.
All Offeren gin den Verkeefer virgeluecht.
Mentions légales | Politique de confidentialité | Barème des honoraires
©2024 MBM Group Real Estate
+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu
Please enter your username or email address. You will receive a link to create a new password via email.