D’Agence MBM Group Real Estate huet d’Freed Iech dëst schéint Appartement mat 1 Schlofzëmmer an Terrass am Verkaf zu Bartreng unzebidden, eng vun de beléiftste Gemengen zu Lëtzebuerg.
D’Appartement ass hell a mat Goût amenagéiert, et ass ideal fir eng jonk Koppel oder en Investisseur.
D’Appartement befënnt sech um Rez-de-Chaussée vun enger gutt erhalener Residenz, an ass wéi follegt zesummegesat:
– Eng Entrée mat integréiertem Kleederschaf;
– Eng grouss, voll equipéiert an oppe Kiche wou op d’Wunn-/Iesszëmmer feiert, mat Zougang zu der Terrass an de Gaart
– Eng 13 m2 Schlofkummer mat enger grousser Fënster;
– En Duschraum
– E Späicherraum mat Regaler a Plaz fir eng Wäschmaschinn an Trockner
E grousse private Keller souwéi ee banne Parking komplettéiere dëst Appartement.
Eng bausse Parkplaz ass och disponibel virun der Residenz
E puer zousätzlech Detailer:
– Baujoer: 2009
– Energiepass: B/C
– Gasheizung
– Elektresch Jalousie
– Optesch Faser
– Lift
– Duebel Verglasung
– Vëlosraum
– Keng zousätzlech Aarbechten erfuerderlech (d’Garage gouf nei ugestrach an d’Fassade vum Gebai gouf am Februar 2024 nei gemaach)
D’Appartement gëtt miwweléiert verkaf.
Betrag vun de Niewekäschten: 210€/Mount
No geleeën vun : Geschäfter (City Concorde a Belle Étoile), Supermarchéen, Schoulen, Crèche, Sportszentren (Centre Atert, Les Thermes, Spa, Fitness), Transport an Autobunnen.
Just 10 Minutte vun der Stad ewech.
Weider Fotoe, Pläng an all Informatiounen iwwer dëst Appartement ginn Iech wärend engem Rendezvous zur Verfügung gestallt.
Fir Är Kaf-/Verkafs-/Lokatiounsprojet’en vertraut op erfueren Profi’en.
Profitéiert vu Qualitéits-Déngschter op Mooss a vun eiser Immobilienerfahrung. Eis Schätzunge si schrëftlech, detailléiert an realistesch.
All ugebuedenen Offeren ginn dem Besëtzer virgeluecht.
Mentions légales | Politique de confidentialité | Barème des honoraires
©2024 MBM Group Real Estate
+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu
Please enter your username or email address. You will receive a link to create a new password via email.