LËTZEBUERG-BOUNEWEG

Haus

  • Haus
  • Immobilie
  • 140 m²
  • 3
  • Zëmmer
  • 1
  • Buedzëmmer
  • 2
  • Garages
  • 1989
  • Baujoër
  • Haus
  • Immobilie
  • 140 m²
  • 3
  • Zëmmer
  • 1
  • Buedzëmmer
  • 2
  • Garages

D’Agence MBM Group Real Estate huet d’Freed Iech en Reihenhaus mat 3 Schlofkummer ze verkaafen. Dëst Haus gouf 1989 am Herz vun Bonneweg vun der Gemeng Lëtzebuerg gebaut. Et huet eng Wunnfläch vun 140m2 a eng total Fläch vun 210m2, an dobäi zwou schéin Terrassen vun (21m2 & 11,5m2), an dat op engem Terrain vun 2,64 Aar.

Dëst geräimecht Haus erstreckt sech iwwer 3 Stack an bitt en bequeme Liewensraum fir déi ganz Famill. Um Rez-de-Chaussée fannt dir eng Entrée an separéiert Toilette, eng Kichen an ee groussen Salon-Eessberäich (31,75m2) . Dëse féiert op eng éischt grouss Terrasse.

Op der éischter Etage vum Haus ginn et 3 Schlofkummeren, dorënner eng Schlofkummer mat Zougang op dei zweet Terrasse, an eng Buedzëmmer fannt Dir héi och.

Op der leschter Etage fannt een en groussen Raum vun 40m2, deen aktuell als Büro benotzt gëtt, fir ongestéiert ze schaffen. Et ass och d’Méiglechkeet dësen Raum als Eltereschlofkummer, Spillerzëmmer, Fitnessraum oder zweete Salon ze gestalten. D’Réiher vir eng Toilette , sinn och scho installéiert.

Um Rez-de-Jardin gëtt et de technesche Raum, een grousse Wäschraum, déi Zougank op nach eng Terrasse huet, an de groussen, perfekt arrangéierte Gaart, eng grouss Garage fir 2 Autoen. Et ass och méiglech, nach 3 weider Gefierer beim Haus ze parken.

Dëst Haus mat sengem hellen Ambiente an de Spillraum fir all Bedürfnisser vun der Famill ze erfëllen, an an deem et keng gréisser Aarbechte méi gëtt, gëif Iech sécherlech iwwerzeegen. Dësen Quartier, deen no der Gare leit, ass haut besonneg vu jonke Koppelen an Familljen vill geschätzt, weinst der Laag an der Rouh an dësem Quartier.

Bonneweeg bitt och eng exzellent Konnexioun zu den ëffentlechen Transporter, an och den neien Tramhaltestellen. Iwwerdeems bitt de Parc Kaltreis am Château d’Eau d’Méiglechkeet fir séier am Gréngen ze verbrengen, mat villen Aktivitéiten ënner freiem Himmel, wéi Schach-Deeler, Skatepark, Pétanque,…

Dësen Quartier bitt eng Rei vu Butteker an Servicer wei och Caféen a Restaurants, wat fir eng animéiert Atmosphär suergt, déi sech vun anere Quartiere vun der Stad ënnerscheedt.

Dir wëllt Är Immobilie verkafen oder verlounen? Profitéiert vun eiser grousser Palette un Qualitéitsservicer an eiser Immobilieenerfahrung iwwer Joëren.

Eis Schätzungen si schrëftlech, détailleiert an realistesch.

All ugebuedenen Offeren ginn dem Besëtzer virgeluecht

Detailer

  • Immobilie Haus
  • Praiss 1.360.000€
  • Wunnfläch 140 m²
  • Land Fläch 2.64 Ar
  • Zëmmer 3
  • Buedzëmmer 1
  • Garages 2
  • Baujoër 1989
  • Energie Klass: F
  • Global Energie Leeschtung Index: G
  • A+
  • A
  • B
  • C
  • D
  • E
  • G | Energy class F
    F
  • G
  • H

INTERESSÉIERT UN DESEM BIEN?

+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu

Compare listings

Compare
Sabrina
  • Sabrina