BRIDEL

haus

  • Haus
  • Immobilie
  • 255 m²
  • 4
  • Zëmmer
  • 3
  • Buedzëmmer
  • 2
  • Garages
  • 2019
  • Baujoër
  • Haus
  • Immobilie
  • 255 m²
  • 4
  • Zëmmer
  • 3
  • Buedzëmmer
  • 2
  • Garages
  • 2019
  • Baujoër

D’ Agence MBM Group Real Estate huet d’Freed Iech dëst schéint modernt Haus am Verkaf unzebidden. Et befënnt sech um Bridel an ass am Joer 2019 vun engem Architekt gebaut ginn.

D’Haus ass op engem Plot vu 4,63 Hektar an huet eng Gesamtfläch vun 375,71m2 an eng Wunnfläch vun 255,73m2 dei iwwer 3 Niveaue verdeelt sinn. 

Dëst Haus ass e richtege Coup de Coeur, mat engem modernen Design deen e richtegen zäitgenësseschen Touch mat sech bréngt. Wärend enger Visite wäert Dir direkt vun de Raimlechkeete verféiert ginn. Dir wäert och feststellen datt vill Luucht an allen Deeler vum Haus erakënnt , duerch déi grouss Fënsteren. Fir d’Gefill vum Komfort ze verbesseren, ass dëst Haus iwwerall mat Parkett ausgestatt (ausser an den Dusch/Buedzëmmeren an dem Ofstellraum). 

D’Haus ass wéi follegt opgebaut: 

Um Rez-de-Chaussée: – Aganksberäich (9,81m2) wou op Wunnzëmmer/Kichen/an Iesszëmmer (60,4m2 an 3,17m Plafongshéicht) feiert, a vun do aus kënnt Dir op eng grouss Terrass a Gaart eraus goen déi Süd-Osten orientéiert sinn. D’Kichen ass voll ausgestatt mat engem amerikanesche Frigo

– 32m2 Terrass an e charmante Gaart dee flott Initiative fir Kreativitéit bitt. 

– 1 Separat Toilette (3,22m2) – 1 Wäschraum (5,49m2) – Garage fir 2 Autoen (36.87m2) 

Um 1. Stack: 

– E Gank (17,33m2) – E grousst Zëmmer, wou ee kéint opdeelen an 2 Zëmmeren (37,87m2) – 1.t Schlofkummer (17,53m2) – 2.t Schlofkummer (16,15m2 ) – 1 Dressing (4,13 m2) – 2 Buedzëmmere mat jeeweils enger Dusch (8,65m2 & 4,96m2) 

Um 2. Stack: – E Gank (3,04m2) – 1 Schlofkummer (34,42m2) – 1 Buedzëmmer mat Dusch (12m2) – 1 Dressing (13,45m2) – 1 Grouss Buedzëmmer mat Bidden & Dusch (19,28m2) – Eng Terrass déi no vir geleeën ass (18,91m2) – 1 Terrass déi no hanne geleeën ass (25.35m2) – 1 Separat Toilette 

– Zousätzlech Informatiounen: – High-End Materialien – Geséchert Entréesdier –  Buedem an Trapen aus massivem Parkett – Heizung mat Wärmepompel – Buedemheizung – 3-fach Verglasung an elektresch Aluminium Jalousien – Energie Pass ass AAA –  Solarpanneauen – Motoriséiert Garagen Dier. 

Dëst Eenzegaartegt Haus huet aussergewéinlechen Dimensiounen – Ganz roueg Wunngéigend a gläichzäiteg mat gudden Zougang zur Stad – Gaart huet eng fräi Vue an ass Süd-Osten geleen – D’Energie Klassifikatioun, souwuel wei déi gemittlech Atmospère an d’Hellegkeet wäerten Iech gefalen.

Bridel ass eng Uertschaft dei 15 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg ewech ass an no bei vu Geschäfter, Apdikten, ëffentlechen Transporter a Schoulen. Autobunnen sin och ganz an der Géigend. E bekanntenen Wander/ an Trëppelwee duerch d’Bëscher vir Richtung Stad ass och liicht zougänglech. Fir Museksfrënn: Briddel ass bekannt fir säin Uergelfest!

Mir stellen Iech weider Fotoen, Pläng, Video an all weider Informatiounen iwwer dëst Haus wärend engem Rendez-vous zur Verfügung.


Verloosst Iech op d’Kompetenz vun erfuerenen Immobilienagente fir Äre Kaf-/Verkaf-/Lokatiounsprojet.
Maacht Gebrauch vu Qualitéitsdéngschter an eiser Erfarung an der Immobiliebranche.

Eis Schätzungen si schrëftlech, detailléiert a realistescht.

All Offer gëtt dem Verkeefer virgeluecht.

Details

  • Immobilie Haus
  • Praiss 2.100.000€
  • Wunnfläch 255 m²
  • Land Fläch 463 m²
  • Zëmmer 4
  • Buedzëmmer 3
  • Garages 2
  • Baujoër 2019

Energy Class

  • Energetic class: A
  • Global Energy Performance Index:
  • A+
  • | Energy class A
    A
  • B
  • C
  • D
  • E
  • F
  • G
  • H

INTERESSÉIERT UN DESEM BIEN?

+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu

Compare listings

Compare
Cindy
  • Cindy