MUNNEREF

Haus

  • Haus
  • Immobilie
  • 450 m²
  • 5
  • Zëmmer
  • 4
  • Buedzëmmer
  • 3
  • Garages
  • Haus
  • Immobilie
  • 450 m²
  • 5
  • Zëmmer
  • 4
  • Buedzëmmer
  • 3
  • Garages

D’Agence MBM Group Real Estate huet d’Freed Iech dëst prächtegt Bauerenhaus aus dem Joer 2012 an der Gemeng Munneref (Mondorf-les-Bains) zum Verkaf unzebidden.

Dëst Haus läit am Häerz vum charmanten Duerf Elleng (Ellange) op engem Terrain vu 15,55 Ar an ass aus Beton gebaut, dorënner och d’Daach-Gestell. D’Stammhaus, zesummen mat senger moderner Annex, huet am Ganzen 5 Schlofkummer an 4 Buedzëmmer. Et wäert Iech souwuel duerch seng Hellegkeet, deen villen Raum, bannen ewéi baussen, wéi och duerch seng luxuriéis Finitiounen beandrocken.
D’Stammhaus, dat iwwer 3 Stäck verfüügt, ass mam Lift erreechbar an ass esou opgedeelt:

Um Ënnergeschooss gitt Dir vun enger grandioser Entrée mat Schief empfaangen, déi Zougang zum Lift bitt.
Vun do aus hutt Dir Zougang op 2 schéin Schlofkummeren, engem separaten WC, enger Buedzëmmer mat Dusch, an enger grousser Haapt-Schlofkummer, déi e massiven Dressing, eng eegen Buedzëmmer, mat Dusch an Schminkeck, an eng separat Toilette ëmfaassen.

Op der Éischter Etage gitt Dir vun enger grousser Wunnfläch mat enger prächteger Plafongshéicht vu 6 m beandrockt. Hei fannt dir een groussen Salon, deen Zougang zu enger Terrasse bitt, eng professionell Kichen, eng Salle-à Manger an eng separat Toilette.
Déi grouss Panorama-Fënster bidden een freie Bléck op d’Natur an d’Felder, déi schéin Terrasse an de schéine Gaart.
Op der leschter Etage fannt Dir eng amenagéiert Mezzanine mat vill Stauraum.
De Sous-Sol verfüügt iwwert Waïnkeller, eng Buanderie, een Heizungsraum, een Sall mat der Infrastruktur fir d’Informatik.
Iwwert eng Bréck ass déi modern Annex mat der Haapt-Residenz verbonnen an ass esou opgedeelt:
Um Ënnergeschooss befënnt sech eng grousse Entrée mat Schief, een schéine Salon, eng voll equipéiert Kichen, mat engem Iess Eck, an eng separat Toilette.

Op der Éischter Etage fannt Dir 2 komfortabel Schlofkummer, 2 Buedzëmmer, en separaten WC a eng Buanderie.
Och den amenagéierten Loft kann en als Bürosfläch mat separaten WC benotzten.
Am Sous-Sol fënnt Dir een Sall mat engem Informatik-Stack a verschidde Stauraim.
Dir kënnt och vun enger Garage profitéieren, déi Platz fir 3 Autoen bitt.

Dëst Haus ass bis an déi klengste Detailer duerchduecht an verfüügt iwwer en optimalen Equipements-Niveau. Et ass mat engem Reen-Waasser-Recupératiounssystem ausgestatt, enger Domotik, déi et erméiglecht, all aner Apparater, déi mat dësem System verbonnen sinn, an Echtzäit ze kontrolléieren, eng Vidéoiwwerwachungs- ewéi och Alarm-Anlag. Och sinn iwwerall Lautsprecher installéiert.
Weider Fotoe, Pläng an all Informatiounen iwwer dëst Haus ginn Iech wärend engem Rendezvous zur Verfügung gestallt.

Fir Är Kaf-/Verkafs-/Lokatiouns projet’en vertraut op erfueren Profi’en. Profitéiert vu Qualitéits-Déngschter op Mooss a vun eiser Immobilienerfahrung. Eis Schätzunge si schrëftlech, detailléiert an realistesch. All ugebuedenen Offeren ginn dem Besëtzer virgeluecht

Detailer

  • Immobilie Haus
  • Praiss 2.950.000€
  • Wunnfläch 450 m²
  • Zëmmer 5
  • Buedzëmmer 4
  • Garages 3
  • Energie Klass: B
  • Global Energie Leeschtung Index: B
  • A+
  • A
  • B | Energy class B
    B
  • C
  • D
  • E
  • F
  • G
  • H

Interesséiert un desem Bien?

+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu

Compare listings

Compare
Cindy
  • Cindy