SCHRAASSEG

Haus

  • Haus
  • Immobilie
  • 450 m²
  • 7
  • Zëmmer
  • 3
  • Buedzëmmer
  • 8
  • Garages
  • 1699
  • Baujoër
  • Haus
  • Immobilie
  • 450 m²
  • 7
  • Zëmmer
  • 3
  • Buedzëmmer
  • 8
  • Garages

D’Agence MBM Group Real Estate huet freet Iech dës super Immobilie mam Numm “Jacquenhaus” (Schaackenhaus) mat enormer Geschicht aus dem Joer 1699 ze presentéieren.

Dësen alen Bauerenhaff ass 1808 vergréissert ginn an huet eng Gesamtfläch vun iwwer 450m2, dorënner 343m2 Wunnfläch mat engem Terrain vu 11,49 Ar, an der Stad Schëtter.

D’Haus geet op en Aganksberäich op, deen op eng equipéiert Kichen wäisst mat engem Kathedral Sall mat vill natierlecher Luucht an een gemittlechen Wunnberäich mat engem Kamäin. Vun do aus hutt dir den Zougang zu engem ganz grousse Gaart mat Beem, wou sech en alen Buer an eng grouss Terrass befënnt. Dir hutt och d’Méiglechkeet eng Schwämm/Jacuzzi am Gaart ze installéieren.

Dir fannt och e Büro, e Bar / Spillraum, e Wäschraum, en Atelier an e Fitnessraum.

Um éischte Stack vun der Immobilie befannen sech d’Schlofzëmmer op zwou Plazen am Haus.
En éischten Gank bitt eng Buedzëmmer mat enger separater italieenescher Dusch an 2 schéin Schlofkummeren mat Kleederschaf, dann féiert en zweeten Gank an de separaten Duschraum mat 3 Schlofkummeren déi all mat enger Mezzanine ausgebaut sinn .

D’Haus huet um 2. Stack en Späicher vun ongeféier 100 m2, wou et méiglech ass en 2-Schlofkummer Appartement mat enger Buedzëmmer ze maachen, engem Kino oder e groussen Atelier fir en Handwierker, etc.

D’Proprietéit enthält och e Wäikeller an aner Zëmmeren, déi no Goût an Besoin vum zukünftege Keefer ageriicht kënne ginn.

E grousse Bannenhaff, deen no baussen féiert, huet 6 Plazen fir Autoen, dorënner 2 ënner engem Outdoor Carport, an d’Méiglechkeet fir 2 Autoen virum Haus ze parken.

D’Haus huet säi Charme vu fréier intakt behalen (Parket, Holz Dieren, Steen an Holz Trappen…) wärend de modernen Komfort duerch déi vill Renovatiounsaarbechte kombinéiert gin ass.

Déi charmant Uertschaft Schëtter bitt eng Gare an 700 Meter un, déi den Arrêt Lux-Kierchbierg direkt an nëmme 25 Minutten mëscht (all 20 Minutten) an all aner wichteg Infrastrukturen (Geschäfter, Schoulen, Sportsanlagen, asw.)
Ausserdeem läit de Fluchhafen 10 Minutten mam Auto ewech, de Stadzentrum vu Lëtzebuerg nëmmen 15 Minutten an d’Méiglechkeet fir en Nomëtteg um Golf vu Kanech (Kikuoka) ze genéissen, deen nëmmen 6 Minutte mam Auto ewech ass.

Dëst Haus leit an enger gemëschter Duerfzone (PAG) an steet ënnert dem nationalen Denkmalschutz: Et ass geduecht fir Wunnengen, Bauerenhaff, Handwierk Aktivitéiten, kommerziell Aktivitéiten, Fräizäitaktivitéiten, administrativ oder berufflech Servicer, Hoteller, Restauranten an Drénk Plazen, souwéi ëffentlech Déngschtleeschtungen.

Weider Fotoe, Pläng an all Informatiounen iwwer dëst Haus ginn Iech wärend engem Rendezvous zur Verfügung gestallt.
Fir Är Kaf-/Verkafs-/Lokatiounsprojet’en vertraut op erfueren Profi’en. Profitéiert vu Qualitéits-Déngschter op Mooss a vun eiser Immobilienerfahrung. Eis Schätzunge si schrëftlech, detailléiert an realistesch.
All ugebuedenen Offeren ginn dem Besëtzer virgeluecht.

Detailer

  • Immobilie Haus
  • Praiss 1.995.000€
  • Wunnfläch 450 m²
  • Land Fläch 11.49 Ar
  • Zëmmer 7
  • Buedzëmmer 3
  • Garages 8
  • Baujoër 1699
  • Energie Klass: H
  • Global Energie Leeschtung Index: I
  • A+
  • A
  • B
  • C
  • D
  • E
  • F
  • G
  • I | Energy class H
    H

INTERESSÉIERT UN DESEM BIEN?

+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu

Compare listings

Compare
Cindy
  • Cindy