MAMER

Appartement

  • Appartement
  • Immobilie
  • 158 m²
  • 3
  • Zëmmer
  • 2
  • Buedzëmmer
  • 2
  • Garages
  • 2016
  • Baujoër
  • Appartement
  • Immobilie
  • 158 m²
  • 3
  • Zëmmer
  • 2
  • Buedzëmmer
  • 2
  • Garages
  • 2016
  • Baujoër

D’Agence MBM Group Real Estate huet d’Freed Iech dësen schéinen an héichwäertegen hellen Duplex vun 158m2 zu Mamer am Verkaf unzebidden. 

D’Wunneng ass um 1. an 2. Stack an enger klenger Residenz mat 4 Unitéiten, déi 2016 vun Asars Constructions a Zesummenaarbecht mam Architektebüro Metaform gebaut gouf. Dës Wunneng, déi op 3 Säite fräi ass, profitéiert vun engem Lift, mat direktem Zougang zu de 2 Stäck am Appartement, a bréngt Iech och direkt erof an d’Wäschkichen.D’Appartement ass komfortabel, grouss, heisch an hell, a mat ganz schéine Finitiounen ausgestatt. An dësen Duplex gouf besonnesch op d’Harmonie vun de Raim opgepasst. D’Appartement ass wéi follegt opgebaut:

Um 1. Stack, gutt ausgestatt “Schlof” Beräicher: eng kleng Entrée mat Zougang zu engem Gang, 3 Schlofzëmmeren mat Parkett, eng grouss Buedzëmmer mat Buedbidden an Douche. Et ass och unzedeiten dass et méiglech ass, eng Wäschmaschin an Trockner do ze installéieren. Eng Schloofzëmmer vun 15,12m2 mat groussem Schaf,déi un en anert hellt Zëmmer vun 9,72m2 grenzt, wou als Bureau, Dressing oder Spillzëmmer ageriicht ka ginn. Eng zweet Schlofzëmmer vun 17,77m2 mat engem groussen agebautenen Kleederschaf dee laanscht ganz Mauer geet . Eng Elterensuite vun 23,11m2 mat direktem Zougang zum  Duschraum mat enger Fënster an engem groussen separaten Dressing. Den 2.ten a leschte Stack, och héich an hell, gouf entworf fir en harmonesche Flair ze erlaben, wärend de Wunnraum behale bleift. Et sollt een och wëssen, dass déi ganz originell Konzeptioun vun dësem 2. Stack engem d’Gefill vun enger ganz grousser Gesellegkeet am Appartement bidd: tëschent dem Salon an der Kichen/Iessraum gouf en groussen Espace mat villen Fënsteren als Wanter/ an oder Summerlounge ageriicht, eng Veranda oder Pergola mat motoriséierte Lamellen.De Salon profitéiert vun enger Wunnfläsch vu 27 m2, ganz hell a aluedend Atmosphär. D’Kichen,huet  och 27m2, komplett equipéiert mat enger zentraler Kachinsel. Tëscht dem Salon an der Kichen, profitéiert Dir vun dëser Wanter an/oder Summerlounge, déi schonn ernimmt gouf. Eng separat Toilette befënnt sëch och doan ee Stauraum deen komplett equipéiert ass mat Regaler.

Fir dëst wonnerbaart Appartement/Duplex ze komplettéieren, hutt Dir eng gemeinsam Wäschkichen, en groussen komplett equipéierte Keller mat op Moos gemaachte Schief, Elektrësch an 2 banne Parkplazen mat der Méiglechkeet eng Statioun fir elektresch Autoen ze installéieren.

Zousätzlech a wichteg Informatiounen : Energiepass: AAA  , eng Deckenhéicht vun 2,65 m2, 3  Entréesdiere mat engem maximum u Sécherheetsmesurë mat Scharnéier an magneteschen Schlässer, Aluminiumfënsteren, Parketbuedem aus Eechenholz an d’Terrasse mat Holzbedeckung vun “Ipé” Lames (Exotescht Holz)

Kichen: Kachinsel a Spullsteen mat kerameschem Belag, d’Hauw vun der Marke Novy, den Uewen ass mat Mikrowell an Hetzt vir Telleren op ze wiermen ausgestatt. 

Gasheizung, 

Draifachverglassung (Schall- an Klima-Isolatioun)

Elektresch Rolllueden

Schell mat Videophone

Optesch Faser

Individuell duebel Flux Belëftung

Solarpanneauen fir waarmt Waaser 

An der direkter Noperschaft vun dësem Appartement, kënnt Dir de Parc Brill genéissen,  enger grousser Spillplaz, en Fussballfeld, wou d’Kanner vill Freed wärten hun. Vill  Gréngflächen fir spadséieren ze goën no engem laangen Daag. Et ginn och schéi Restaurante mat Terrassen.

Déi geographesch Lag vun dësem Appartement/Duplex ass ideal well de Quartier vu villen Infrastrukture ronderëm verfügt, an déi ganz schnell ze Fouss ze erreeche sinn: Europäesch Schoul an de Lycée Josy Barthel , Zänndokteren ,Orthodontisten, Butteker, Restaurants, Cafés, Bäckereien, Akaafszentren, 

D’Mamer Gare ass 600m ewech.Wann Dir no enger Immobilie an enger vun de beléiftste Gemenge vu Lëtzebuerg sicht, ass dësen Duplex wierklech eng Chance fir ze ergräifen!

Mir stellen Iech weider Fotoen, Pläng, eng virtuell Visitt an all Informatiounen iwwer dësen Duplex wärend engem Rendez-vous zur Verfügung.


Verloosst Iech op d’Kompetenz vun erfuerenen Immobilienagente fir Äre Kaf-/Verkaf-/Lokatiounsprojet.
Maacht Gebrauch vu Qualitéitsdéngschter an eiser Erfarung an der Immobiliebranche.

Eis Schätzungen si schrëftlech, detailléiert a realistescht.

 

 

Details

  • Immobilie Appartement
  • Praiss 1.490.000€
  • Wunnfläch 158 m²
  • Zëmmer 3
  • Buedzëmmer 2
  • Garages 2
  • Baujoër 2016

Energy Class

  • Energetic class: A
  • Global Energy Performance Index:
  • A+
  • | Energy class A
    A
  • B
  • C
  • D
  • E
  • F
  • G
  • H

INTERESSÉIERT UN DESEM BIEN?

+352 691 152 417
contact@mbmgroup.lu

Compare listings

Compare
Ruben
  • Ruben